Rechtlech Aspekter

ALLGEMENG NOTZUNGSBEDÉNGUNGEN(CGU) FIR DE SITE

Jiddwereen, deen Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidde Servicer (zesummen d'"Servicer" genannt) benotzt, déi op dësem Site sinn, huet d'Gesamtheet vun de Begrëffer an den Hiweiser vun dësen allgemengen Notzungsbedéngunge zur Kenntnes geholl a stëmmt dësen zou.

Mat "Organ" gëtt d'ëffentlech Autoritéit, de Ministère, d'Administratioun oder all anert ëffentlecht Organ bezeechent, dat eleng oder zesumme mat anere verantwortlech ass fir dëse Site.

DEM BENOTZER SENG FLICHTEN

Den Zougang zum Site kritt een iwwer Internet. De Benotzer erkläert, dass hien déi domat verbonne Risike kennt an se acceptéiert. Hie muss sech virun Internetpiraterie schützen, andeems hien eng gëeegent a sécher Computerkonfiguratioun wielt.

De Lëtzebuerger Staat kann net responsabel gemaach gi fir e Schued, deen de Benotzer op dësem Site kéint kréien, sief dat direkt oder indirekt a Verbindung mat senger Navigatioun um Site an dem Benotze vun de Servicer, sou wéi a Verbindung mat den Internetsiten, op déi um Site verwise gëtt.

D'Benotze vum Site ass gratis.

VERWALTUNG VUN COOKIEN

Dëse Site benotzt Clientscookien, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen zum Benotzer sengem Surfen um Site ze analyséieren (Heefegkeet vun de Visiten, Dauer vun de Visiten, ofgeruffe Säiten, etc.).

Si gi vum Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et zu dësem Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Dran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt et dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visite erëmzëerkennen. D'Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, esoubal d'Sessioun eriwwer ass. Allerdéngs bleiwen déi persistent Cookien um Benotzer sengem Computer bis 1 Mount nom Enn vun der Sessioun erhalen.

De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d'Erlaabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d'Wiel, fir d'Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, datt d'Cookië weder akzeptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment, iwwer de Browser, Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn.

D'Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vum Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d'Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d'Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

ÄNNERUNG VUM SITE

De Lëtzebuerger Staat behält sech d'Fräiheet vir, dëse Site, ouni Ukënnegung am Viraus, weiderzëentwéckelen, ze änneren oder ze spären, dëst aus Grënn wéi Maintenance, Update oder wéinst all anerem Motiv, dat néideg ass.

Et ass wichteg ervirzesträichen, datt de Lëtzebuerger Staat zu all Moment all Informatiounen oder en Deel dovun, déi op deem Site gewise ginn, gradesou wéi Servicer, déi ugebuede ginn, zeréckzéien, bäisetzen, vervollstännegen oder méi präzis duerstelle kann. De Lëtzebuerger Staat ka fir keen direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge responsabel gemaach ginn.

ALLGEMENG RESPONSABILITÉITSASCHRÄNKUNGEN

De Lëtzebuerger Staat mécht säi Bescht, fir eng gréisstméiglech Verfügbarkeet vun dësem Site oprechtzëerhalen. Allerdéngs kéint de Staat net responsabel gemaach ginn, wann de Site fir eng Zäit oder ganz géif ausfalen.

De Lëtzebuerger Staat suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum Computersystem. Allerdéngs kéint de Staat am Fall vun Attacken op de Computersystem oder am Fall vun zäitweilegem oder ganzem Ausfall vum Site net responsabel gemaach ginn.

De Lëtzebuerger Staat suergt dofir, datt d'Daten op dësem Site, déi an de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn, esou exakt wéi méiglech sinn. Am Fall wou en Update vun enger Informatioun oder engem Formulaire net gemaach gouf, am Fall wou et Feeler am Ëmgang mam System oder mat der Verschlësselung gëtt, Ongenauegkeeten oder Lacunnen an de gewisenen Informatiounen oder eventuell Iertemer, kéint de Staat awer net responsabel gemaach ginn. Effektiv ass d'Zil, fir richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mee de Lëtzebuerger Staat kéint awer net all Risiko fir en inhaltleche Feeler vermeiden. Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, gëtt sech den Usproch, vollstänneg ze sinn, oder stellt en Engagement vum Lëtzebuerger Staat duer. D'Verbreedung an d'Iwwersetzungen dovun dénge just fir Informatiounszwecker. Verbindlech si just d'Gesetzestexter, déi am Memorial (Journal Officiel du Grand-Duché de Luxembourg) verëffentlecht ginn. D'Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D'Informatioune si kenge perséinlechen oder spezifeschen Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Rotschléi fir de Benotzer ugesi ginn. Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Rotschléi brauch, muss en ëmmer déi kompetent Servicer vun de verschiddenen Administratiounen zu Rot zéien.

RESPONSABILITÉITSASCHRÄNKUNGEN VUM SITE

Dëse Site ass ausdrécklech net responsabel fir all direkt an indirekt Konsequenzen ewéi:

  • E Kompatibilitéitsfeeler tëschent dem offréierte Service an den Equipementer, den Applikatiounen, de Prozeduren oder Infrastrukture vum User oder vun Drëttpersounen;
  • Eng Sécherheetsschwaachstell, déi vum User oder enger Drëttpersoun kënnt an, méi allgemeng, all Sécherheetsschwaachstell, déi net direkt dësem Site kann zougeschriwwe ginn;
  • Konsequenze vu Feeler an/oder Bedruch, begaange vum User oder enger Drëttpersoun;
  • En eventuelle Mangel u Verfügbarkeet oder e schlechte Fonctionnement vun de Systemer oder vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker.

LINKEN OP EXTERN SITEN

Am Sënn vum Benotzer sinn op dësem Site Linken op aner Siten ze fannen, déi nëtzlech kéinte fir e sinn oder e kéinten interesséieren. De Lëtzebuerger Staat a besonnesch dden SNMC (Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun) kontrolléieren net systematesch den Inhalt vun dëse Siten. Deemno kéinten se net responsabel fir d'Inhalter vun dësen Internetsite gemaach ginn, sief et um Niveau vun hirer Legalitéit oder der Richtegkeet vun den Informatiounen, déi een do fënnt.

GEESCHTEGT EEGENTUM

De Site, all seng Elementer (dorënner och de Layout) an och d'Informatiounen an d'Servicer sinn iwwer d'Gesetzer zum intellektuelle Besëtz an zu den Auteursrechter geschützt.

Souwäit net anescht uginn, accordéiert de Lëtzebuerger Staat keng Lizenz oder Geneemegung a Bezuch op geeschteg Eegentumsrechter, déi hien op dëst Portal, seng Komponenten oder Servicer huet. Ausserdeem ass d’Reproduktioun vun den Informatiounen oder Servicer, ganz oder deelweis, a wéi enger Form oder mat wéi enge Mëttelen och ëmmer, ouni déi vireg schrëftlech Zoustëmmung vum SNMC verbueden.

Ausser wann et anescht uginn ass, sinn d’Benotzer berechtegt, déi disponibel Dokumenter an Informatiounen anzegesinn, erofzelueden an auszedrécken, ënner de folgende Konditiounen:

  • D'Dokumenter däerfen nëmme fir perséinlech Zwecker, Informatiounszwecker an an engem strikt private Kader benotzt ginn;
  • D'Dokumenter an Informatioune däerfen op keng Aart a Weis geännert ginn;
  • D'Dokumenter an Informatioune däerfen net ausserhalb oder iwwer d’Websäit eraus verbreet ginn.

D’Rechter, déi hei uewen implizitt oder ausdrécklech accordéiert ginn, stellen eng Erlaabnis duer, d’Websäit ze benotzen; ënner kengen Ëmstänn stellen se en Transfert oder eng Oftriedung vu Proprietéitsrechter oder anere Rechter am Zesummenhang mat der Websäit duer.

 ÄNNERUNG VUN DEN ALLGEMENGEN NOTZUNGSBEDÉNGUNGEN

Déi gülteg Allgemeng Notzungsbedéngunge kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung geännert oder vervollstännegt ginn, ofhängeg vun den Ännerungen, déi um Site gemaach ginn, vun der Entwécklung vun der Legislatioun oder aus all anerem Grond, deen als néideg gesi gëtt. Et ass um Benotzer, fir sech iwwer déi allgemeng Notzungsbedéngungen um Site ze informéieren an hie soll sech bewosst sinn, datt just déi aktuell online Versioun als déi gëllt, déi a Kraaft ass. Et ka sinn, datt vun enger Visite um Site zu enger nächster déi besonnesch allgemeng  Notzungsbedéngungen geännert hunn an et ass dann um Benotzer, fir déi lescht Ännerunge virun enger neier Visite um Site ze liesen.

ZE APPLIZÉIEREND GESETZ A KOMPETENT GERIICHTBARKEET

All Rechtssträit, dee mam Benotze vum Site a senge Servicer zesummenhänkt, ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht a fält ënner d'exklusiv Kompetenz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet.

SCHUTZ VUN DE PERSÉINLECHE DONNÉEËN VUM SITE

ALLGEMENGES

D'Donnéeë mat perséinlechem Charakter, déi de Benotzer matdeelt, gi konform zum "Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation des données" verschafft.

De Lëtzebuerger Staat ausser, aus Sécherheetsgrënn, den IP-Adressen aus de Server-Loggen, sammelt keng perséinlech Donnéeë. D’legitimt Interessi vum Benotzer virum Besuch vun dëser Internetsäit ass net erfuerderlech.brauch de Benotzer seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op dëse Site geet.

De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass de Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun (SNMC, 6 rue du Palais de Justice, info@mediateurconsommation.lu).

De Benotzer ka Reklamatiounen, déi mam Dateschutz zesummenhänken an hie betreffen, iwwer déi respektiv Kommunikatiounskanäl schécken, déi zur Verfügung stinn, an un de Verantwortlechen, deen an dësem Fall den SNMC ass. De Benotzer kann ausserdeem seng Reklamatioun beim Delegéierte fir de Schutz vun den Donnéeë vum Organ iwwer d'Mailadress: dpo@eco.etat.lu areechen. De Benotzer kann sech doriwwer eraus fir all Rechtssträit an deem Beräich un d'national Kommissioun fir den Dateschutz wenden (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz L-4370 Belvaux.

KONTAKTFORMULAIRE VUM SITE

D'Informatiounen, déi Iech betreffen, an déi iwwer de Kontaktformulaire vum Site gesammelt ginn, gi vum SNMC beaarbecht, fir Är Demande kënnen ofzewéckelen.

Déi perséinlech Donnéeën, déi iwwer de Formulaire gesammelt ginn, ginn am Kader vun der Behandlung vu Mediatiounsufroen, dem Suivi vun de Mediatiounsdossieren, der Kommunikatioun mat de betraffene Parteien souwéi der Erfëllung vun den uwennbare gesetzlechen a reglementaresche Verpflichtunge verschafft. D'Donnéeë ginn nëmmen am Mooss benotzt, wéi et fir d'Erreeche vun dësen Zwecker néideg ass.

D'Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeë vum SNMC baséiert haaptsächlech op der Erfëllung vun enger gesetzlecher Verpflichtung, déi aus senge Missioune resultéiert. Dës Veraarbechtunge ginn am Aklang mat de Bestëmmunge vum Gesetz vum 17. Februar 2016 iwwer d'aussergeriichtlech Beileeung vu Verbraucherstreidereien duerchgefouert, dat de SNMC geschaf huet a seng Kompetenzen definéiert, besonnesch am Beräich vun der Behandlung vu Sträitfäll, der Mediatioun an dem Suivi vun den Dossieren, déi a säi Kompetenzberäich falen.

Am Kader vun der Ausübung vu senge Missioune kann de SNMC verschidde Kategorien vu perséinlechen Donnéeë verschaffen, notamment Identifikatiounsdonnéeën (Numm, Virnumm, Adress), Kontaktdonnéeën (E-Mail-Adress, Telefonsnummer), Informatiounen am Zesummenhang mat de Mediatiounsdossieren, souwéi d'Dokumenter an d'Beleegstécker, déi fir hir Behandlung néideg sinn.

Déi gesammelt perséinlech Donnéeë sinn nëmme fir déi Persounen zougänglech, déi am Kader vun der Ausübung vun hire Funktiounen dozou autoriséiert sinn, notamment fir d'Mataarbechter vum Mediatiounsdéngscht, déi fir d'Instruktioun an de Suivi vun den Dossiere verantwortlech sinn. Souwäit et fir d'Behandlung vum Sträitfall néideg ass, kënnen verschidden Donnéeën och un déi betraffe Parteien, dorënner de Beklooten, weidergeleet ginn, fir d'Duerchféierung vun der Mediatiounsprozedur ze erméiglechen

Andeems Dir de Formulaire ausfëllt, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande verschafft ginn. Dës Informatioune ginn esoulaang vun der Administratioun gespäichert, bis d'Demarchë ronderëm Är Demande ofgeschloss sinn.

Well et vun der Demande ofhänkt, wéi laang déi matgedeelt Donnéeë versuergt ginn, deelt den SNMC op Ufro, Fall fir Fall, dës Dauer oder d'Kritären, fir d'Dauer festzeleeën, mat. Déi perséinlech Donnéeë ginn no enger Späicherfrist vu fënnef Joer automatesch anonymiséiert, ausser wann eng méi laang Opbewahrungsdauer duerch eng gesetzlech Verpflichtung virgeschriwwen ass oder fir d'Gestioun vun engem lafende Sträitfall néideg ass.

Zougrëff op Är Donnéeën huet den SNMC, deen fir Är Demande zoustänneg ass. Wann Dir wëllt wëssen, u wien d'Donnéeë vun dësem Formulaire weidergeleet ginn, da went Iech w.e.g. un den SNMC.

Den SNMC setzt, mat der Ënnerstëtzung vum CTIE, passend technesch an organisatoresch Moossnamen ëm, fir d'Sécherheet an d'Vertraulechkeet vu perséinlechen Donnéeën ze garantéieren. Zu dëse Moossname gehéieren notamment Zougangskontrolle fir Systemer an Infrastrukturen, Restriktioune beim Zougang zu technesche Raimlechkeeten souwéi Schutzvirkéierungen géint onerlaabten Zougang an Andréngversich.

D'Datenveraarbechtunge geschéien am Aklang mat der Veruerdnung (EU) 2016/679 (DSGVO), dem Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d'Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an déi allgemeng Dateschutzreegelung, dem Gesetz vum 1. August 2018 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën a Strofsachen souwéi am Beräich vun der nationaler Sécherheet, an dem geännerte Gesetz vum 30. Mee 2005 iwwer de Schutz vun der Privatsphär am Beräich vun der elektronescher Kommunikatioun.

Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer d'"protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données" steet, hutt Dir d'Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder a bestëmmte Fäll och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d'Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.

Mat engem begrënnte Motiv a virausgesat, datt d'Beaarbechte vun Ären Donnéeë keen obligatoresche Charakter huet, kënnt Dir donieft och Widdersproch aleeën.

Wann Dir vun dëse Rechter wëllt Gebrauch maachen an/oder méi wëllt iwwer d'Verschaffe vun Ären Donnéeë gewuer ginn, dann adresséiert Iech w.e.g. un den SNMC, deem seng Kontaktdaten Dir um Formulaire fannt. Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz L-4370 Belvaux).

VERAARBECHTUNGEN AM ZESUMMENHANG MAT DER VISITTE-MIESSUNG

Bestëmmten Donnéeën iwwer d’Hardware an d'Software vum Benotzer, déi et net erlaben, hien z’identifizéieren, ginn beim Besuch vun der ëffentlecher Internetsäit gesammelt. Dës Sammlung déngt ausschliisslech dozou, Visittestatistiken ze erstellen (Aart vum Browser, Bildschiermopléisung, ongeféier Lokalisatioun asw.), fir de Benotzer dee beschtméigleche Service ubidden ze kënnen.

Déi komplett IP-Adress vum Benotzer gëtt ënner kengen Ëmstänn gespäichert. Nëmmen en Deel vun der IP-Adress gëtt erhale fir allgemeng statistesch Auswäertungen ze maachen; et ass op kee Fall méiglech, e Benotzer doduerch z’identifizéieren.

Dës Donnéeë ginn an Europa gespäichert a gehost an enger Léisung, déi vun engem Optragsveraarbechter zur Verfügung gestallt gëtt, notamment vun der Firma Adobe Systems Inc., déi als Optragsveraarbechter de selwechte gesetzleche Verpflichtunge betreffend de Schutz vu perséinlechen Donnéeën ënnerläit, fir de Fall, datt esou Donnéeën an Zukunft sollte gesammelt ginn.

D’Späicherzäit vun den Donnéeën iwwerschreit net déi Dauer, déi néideg ass, fir d’Entwécklung vun de Visitten am Zesummenhang mat der Evolutioun vun de Browseren, den benotzte Bildschiermopléisungen oder anere verfügbare statisteschen Donnéeën ze observéieren.

De Verantwortleche fir dës Veraarbechtungen ass d’Organisatioun, déi fir dës Internetsäit zoustänneg ass.