Wat ass den SNMC?
Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun ass e Service vum Wirtschaftsministère, deem seng Missioun et ass, den Dialog tëschent de Professionellen an hire Clienten ze erliichteren.
Hien handelt onparteiesch, fir d’Bezéiunge tëschent de Professionellen an de Konsumenten ze ënnerstëtzen an ze vereinfachen.
Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun steet op der Lëscht vun de qualifizéierten Entitéiten, déi vum Landwirtschaftsministère opgestallt gouf.
Et ass einfach a gratis.
Temoignagen
De Client vun engem Handwierksbetrib
D’Mediatioun war erfollegräich wéinst engem Team and engem Mediateur, deen Wëssen an Erfahrung haat, wat et erlaabt huet eng komplizéiert Situatioun em 180° ze veränneren.
De Mediateur konnt d’Situatioun kontrolléieren an den Stress vun all den involvéierten Parteien managen, wat néideg war fir d’Situatioun ze déblockéieren. (iwwersat)
E Professionellen aus dem Grousshandel
Ech fannen Är Arbecht wierklech formidabel an et spiert een direkt, dass Dir dat gär maacht. Dir hutt eis an exzellent Konditiounen gesat, fir de beschte Kompromëss tëscht de béide Parteien ze fannen. Mir hunn eis wuel gefillt an d’Ambiance huet eis motivéiert weider ze kommen. Mir sinn mam Zil erausgaang, nach méi opmierksam ze sinn op de « facing » am Buttek an d’Aktualiséierung vun de Präisser op Pabeier. Fir dëse Problem unzegoen, hu mir elo elektresch Präisser am ganze Buttek agefouert. Är Aarbechtsweis ass net urteelend, mee erlaabt allen, virun ze kommen an Feeler an eiser Aarbechtsweis opzedecken, fir eis ze verbesseren. Dëst ass gutt fir eis Clienten an hëlleft eis, eist Zil vun Clientszefriddenheet ze erreechen. (iwwersat)
De Client vun enger Elektrofirma
Ech hat viru kuerzem d'Freed, mam Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun zesummenzeschaffen, fir e Sträitfall mat engem Installateur ze léisen. Eng Situatioun, déi stresseg a frustréierend war, gouf mat bemierkenswäerter Professionalitéit a grousser Opmierksamkeet géreiert.
[D'Mediateure] huet meng Erwaardunge iwwertraff. Schonn am éischten Austausch huet Si aussergewéinlech Qualitéiten gewisen, déi de ganze Prozess fléissend a berouegend gemaach huet. Hir Rou an hir respektvoll Approche hunn eng Atmosphär geschaf, an der sech all Parteien gehéiert a wäertgeschätzt gefillt hunn.
Wat mech am meeschte beandrockt huet, war déi mënschlech an authentesch Approche vun [der Mediateure] bei der Konfliktléisung. Si huet mäin Dossier net als einfache Fall behandelt, mee huet sech d'Zäit geholl, d'Nuance vun menger Situatioun ze verstoen, a mech bei all Etapp mat Gedold a Kloerheet begleet. Hiert grouss Versteesdemech an hier bemierkenswäert Disponibilitéit hunn dozou bäigedroen, datt ech mech während dem ganze Mediatiounsprozess ënnerstëtzt gefillt hunn.
De Sträitfall mat mengem Installateur, deen ech am Ufank als onéierlech Praktike ugesinn hat, konnt dank der kompetenter Interventioun vun [der Mediateure] effikass a fair geléist ginn. Si huet eng perfekt Neutralitéit bewisen an dobäi drop opgepasst, datt béid Parteien effikass kommunizéiere konnten an zu enger zefriddenstellender Léisung komm sinn.
Ech kann de Nationale Mediatiounsdéngscht fir d'Consommatioun net genuch recommandéieren. Säin Engagement [...] a Kombinatioun mat der aussergewéinlecher mënschlecher Qualitéit vun de Professionellen [...] maachen en zu enger wäertvoller Ressource fir jiddereen, dee mat engem Consommatiounssträit konfrontéiert ass. (iwwersat)
De Client vun enger Crèche
D’Médiateure war ganz au courant iwwert d’Detailer vum Dossier, déi ech mat menger Ufro agereecht hat. Si ass onparteiesch bliwwen, dobäi awer sensibel fir de Stress an d’Onrou, déi dës Affär bei mir an menger Famill ausgeléist hat. Si war ganz engagéiert fir e positivt Resultat z’erreechen, an huet dozou wesentlech bäigedroen duerch hier Konstanz, Rou an hir positiv Astellung. Den SNMC fënnt en exzellent Gläichgewiicht tëschent Professionalitéit, Onparteilechkeet an enger mënschenzentréierter Approche. Seng Aarbecht a säin Bäidrag sinn eng gutt Investitioun vun ëffentleche Suen. (iwwersat)
Eis Visioun
D’Mediatioun ass d’Entscheedung, iwwer eng Situatioun erauszewuessen, ouni um Besoin festzehalen, Recht ze hunn. (iwwersat)
Marie Lebrun Benard
Jiddereen, dem Dir begéint, féiert e Kampf, vun dem Dir näischt wësst. Sidd frëndlech. Ëmmer. (iwwersat)
Robin Williams
Et mécht een net ëmmer dat Bescht, wat méiglech ass. Et mécht een dat Bescht, wat ee kann. (iwwersat)
George Eliot
Mir deelen gemeinsam d'Verantwortung fir d'Qualitéit vum Dialog. (iwwersat)
Prinzip vun der Facilitatioun
Eis Missiounen
Ufroen entgéint huelen
Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun hëllt all Ufro fir eng Léisung am Gudden vun engem Consommatiounssträit entgéint an, wann néideg, leet se un eng aaner kompetent Entitéit weider, déi op der Lëscht vum Landwirtschaftsminitère steet.
Iwwert Léisungen am Gudden informéieren
Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun informéiert Konsumenten an Professioneller iwwert de Prozess fir en Consommatiounssträit am Gudden ze léisen.
Intervenéieren, fir eng Léisung am Gudden ze fannen
De Médiateur vun der Consommatioun intervenéiert selwer fir d’Parteien bei der Sich no enger Léisung am Gudden ze ënnerstëtzen, wann keng aaner Entitéit kompetent ass, d’Ufro ze behandelen. Heen kann de Parteien och eng Léisung proposéieren, wann se am Laf vum Prozess keng Eenegung fannen. D‘Parteien sinn da fräi dës Propositioun unzehuelen oder ze refuséieren.
Dernière modification le